D' REZEPTKËSCHT - Après-Ski Serie No.2 | Kaiserschmarrn
Published on February 23, 2018
Share
Subscribe 3
An dem éischten Deel vu menger Serie hunn ech dech mat an d’Schwäiz geholl an elo geet et an Éisträich. A wat gëtt et do méi typesches z'iessen an der Skivakanz wéi Kaiserschmarrn? Lacker, lëfteg a liicht séiss… wéi een de perfekte Kaiserschmarrn mécht weisen ech dir haut!

 

Fir 2 Portiounen: 

 

• 125 g Miel

• 70 g Korinten 

• 3 Eeër

• 2 IL Waasser 

• 2 IL Kirsch

• 250 ml Mëllech 

• 30 g Botter

• 2 IL Zocker 

• 1 TL Vanillaroma 

 

Rezept: 

 

1. D’Korinte gi mam Kirsch a Waasser vermëscht an op d’Säit gestallt fir e bëssen an ze weechen. Wa Kanner mat iessen, kann een och Äppeljus oder nëmme Waasser huelen.

2. D’Eeër gi getrennt, d’Eewäiss zu Schnéi opgeschloen a bis duerno an de Frigo gestallt. 

3. D’Eegiel zesumme mam Zocker a Vanillaroma schaumeg a wäiss opschloen. 

4. Ofwiesselnd d’Mëllech an d’Miel ënnert d’Eemëschung réieren, bis e flëssegen Deeg ouni Klëmp entstanen ass. 

5. Den Eeschnéi ënnert den Deeg hiewen, dobäi während dem réieren d’Schossel dréien. Dat suergt dofir datt sech alles méi schnell vermëscht an den Deeg méi lëfteg bleiwt. 

6. Zum Schluss nach de geschmolte Botter ënnermëschen. 

7. Den Deeg ongeféier 1 cm héich an eng Pan fëllen an e puer Korinten driwwer verdeelen. 

8. Bei mëttelster Hëtzt goldbrong broden, dann de Kaiserschmarrn a 4 deelen, ëmdréinen a fäerdeg broden. 

9. Fir d’lescht a kleng Stécker rappen a mat e bëssen Zocker karamelliséieren. 

10. Waarm mat Pudderzocker an Äppelkompott, Pflaumenkompott oder Kanéil an Zocker zerwéieren. 

 

Gudden Appetit verpass net meng aner Rezepter aus menger Après-Ski Serie. 

 

Vergiess net meng Facebooksäit ze liken a mäin Channel ze abonnéieren.

Vill Spaass an Erfolleg beim nomaachen!
more videos