© Lynn Theisen
Sarah
Salut, mäi Numm ass Sarah, mee oft ginn ech och Sahara, Sarus oder Sabbel genannt. Op mengem Channel fannt dir quasi vun allem: ech maache Vlogs doheem an op Reesen, ech schwätzen iwwer Themen déi mir wichteg erschéngen an ech probéiere mat menger éierlecher an heiansdo topeger Art a Weis ze ënnerhalen! Ech hoffen ech sinn iech sou sympathesch wéi dir mir an ech wënschen iech vill Spaass bei de Videoen!